icons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All-27icons_All_croppednoun_10551_ccicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicon/closeicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_cropped

Nous utilisons des cookies afin de vous fournir la meilleur expérience en ligne possible. En utilisant notre site, vous acceptez l'utilisation des cookies en accord avec notre politique d'utilisation des cookies. Pour plus d'informations, vérifiez notrePolitique de confidentialité

Laboratoiren an Centre C&D

Bei BADGER-Pellets maache mir alles Mënscheméigleches fir Iech all kéiers déi héchsten Qualitéit an déi innovatiivste Servicer (Packaging, Transportservicer, Optimiséierung vun der Pellet-Qualitéit,...) ze bidden.

Mat dëser Method, liwwere mir eise Clienten lo schonns säit iwwer 10 Joer, eng konstant héich Qualitéit u Pellets, deenen hier Qualitéitscritère wäit iwwert dem leien wat vun den Norme verlaangt gëtt.

Nieft der regelméisseger Moossung vun de Critère, hunn alleguerten eis Produktiounssiten en eegene Laboratoire , fir déi Qualitéitskontrollen all Zäit duerchféieren ze kënnen. Mir analyséieren a stockéieren eis Echantillone fir op mannst e Joer! Dat erlaabt eis zu all Zäit ze wëssen wat produzéiert gouf, egal ob wéi engem vun eise Site, wat op eis Camione geluet gouf an wat an eis Säck verpaakt gëtt! Sou garantéiere mir eng héich Qualitéit vun eise Fabrike bis zu Ärem Chauffage.

Eisen zentrale Labo an Centre R&D ass mat der neister Technologie ausgestatt fir Resultater ze iwwerpréiwen, verschidden Analysen ze verdéiwen an d'Holzbeschafenheet, wéi och d' Brennwäerter ze iwwerpréiwen,...

Enfin, wann mir Iech Qualitéit verspriechen, garantéiere mir Iech eise Service am Fall wann awer e Problem sollt optauchen! Eis Equippen an eis modernt Material stinn zu Ären Déngschter fir Iech och nach de leschten Doute iwwert eis Qualitéit ze huelen. Fir eis BADGER Pellets zu all Zäit zeréck ze verfollegen, gëtt bei all Luedung vun engem Schüttgut-Camion aus eisem Reseau vun BADGER-Pellets Partner-Distributeuren, en versigelten Echantillon vum Chauffeur geholl. Mir sinn also an der Lag, zu all Moment, den BADGER-Pellets-Schüttgut de verluede gouf, tracéieren an wann néideg analyséierten!