icons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All-27icons_All_croppednoun_10551_ccicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicon/closeicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_cropped

Nous utilisons des cookies afin de vous fournir la meilleur expérience en ligne possible. En utilisant notre site, vous acceptez l'utilisation des cookies en accord avec notre politique d'utilisation des cookies. Pour plus d'informations, vérifiez notrePolitique de confidentialité

Mascot Picto

D'Rotschléi vum Mr. BADGER

  • All the advices
  • Äert Erspuertes
  • De Pellet
  • Entretien
  • Environnement
  • Garantie
  • Qualitéit
  • Receptioun
  • Stock
  • Wéi ginn eis Pellets hiergestallt? Besteet e Risiko fir eis lokale Bëscher?

    Den Holzgranulat stamt aus Seerei-Offäll aus der eischter Coupure.

    Et ginn keng Beem ofgeholzt jsut fir Pellets ze produzéieren. D’Produktiounsoffäll déi fréier wechgeheit goufen, ginn haut revaloriséiert an an verdicht Granulat verwandelt. Et ass eng lokal, erneierbar Energie fir ze hëtzen an fossill Brennstoffer ze ersetzen.

    Keen Baam gëtt extra fir Energie ofgeholzt. Denkt drun lokal Pellets ze kafen déi aus langhalteg geréierte Beschbestänn stamen. An desem Kader ginn eis sociétéiten PEFC-Zertifizéiert (Garantie dat eis Pellets aus langhalteg geréierte Beschbestänn stamen) an dofir hunn mir de Label BOIS LOCAL

    Hei ënnendrënner fannt Dir e Video iwwert d’Fabricatioun vun Pellets:

  • Firwat léiwer Lokal ewéi importéiert Pellets wielen?

    2x méi CO2 Emissiounen: JO den Import vun Pellets huet en echten Impakt op d’Ëmwelt Et muss een eis Lokal Holzressourcen valoriséieren an konsomméieren

    Eng Etude iwwert de Liewenscycle vun lokale Pellets am Verglach mat importéierte Pellets ass a Frankräich vun der FCBA (Institut technologique Forêts cellulose bois construction ameublement) duerchgefouert ginn. Hei klicken fir e Resumé vun der Etude ze gesinn.

    Ouni Nimm ze nennen, könne mer Iech garantéieren dat vill Pellets déi zu Lëtzebuerg verkaf ginn, an “heiensdo” Westeuropäesch Produktiounsadressen hunn, an déi dir natierlech a grousse Supermarchéen fannt, oft aus östlescheLänner, den VSA oder Kanada importéiert sinn.

    Schlëmmer nach, mir héieren och vu Producteuren déi de Seemill (Matière Première importéieren)!!! Déi hëllt 7 x méi Plat an wéi Pellets… Stellt Iech elo och nach den Impakt vum Transport fir…

    BADGER Pellets schafft mat lokaler Holz Matière Première an produzéiert an der Belge an zu Lëtzebuerg. D’Energie déi mir fir d’Produktioun asetzen ass gréng, selwer produzéiert Energie. Mir respektéieren des Philosophie an mir ginn géint déi Belgean aner Auslännesch Produzenten fier déi fir e puer Frang méi, d’Welt mat hierer Matière Première emscheffen an sech dann “renouvelable” nennen….

    Anerersäits hutt Dir bei lokale Produiten ëmmer déi beschten Qualitéit an de beschte Service direkt ëm den Eck. Dir ënnerstëtzt ausserdeem déi lokal Economie, lokal Aarbechtsplazen an eng méi grouss Energetesch Autonomie!

  • Wéi vill kg Pellets brauch ech fir 1l Mazout ze ersetzen?

    2kg (5kWh/kg) Pellets representéieren den energeteschen Equivalent vun engem Liter Mazout (10kWh/l)

  • Hëlt de Stock vu Pellets vill Plaz an?

    BADGER-Pellets hunn eng héich Energiedicht (méi wéi 650 gr/l). Fir eng jäerlech Consommatioun vun Hëtzt an Warmwaasser vun 20.000 KWh/Joer (2000l Mazout), brauch een ongeféier 4t BADGER-Pellets (soit manner wéi 6 M3).

    Zéckt net ären Distributeur ze froen -> Säit “Wou fannen ech se” !

    Hei een gutt gemaachent Dokument dat Iech dobäi hëlleft éischt Informatiounen iwwert d’Thema ze kréien:

    Fiche Pratique Propellet 1 De richtegen Choix an Stock vum Schüttgut-Granulat treffen

  • Sinn Pellets stëbseg? Verschmotzen se d'Ëmwelt?

    Zum Schluss ginn d’BADGER-Pellets direkt e puer mol entstëbst fir e Maximum u Stëbs ze limitéierten (manner wéi 0,5%) den eventuell während dem Soufflage an Ärem Silo oder am Reservoir vun Ärem Chauffage landen kann. Am verglach mat Mazout, sinn BADGER-Pellets propper, se verbreeden en agreablen Doft vun Holz an maache keng Flecken.

    Maacht Iech keng Suergen wat d’Verschmotzung vun der Loft ugeet! Fréier, wou fiicht Holzer an alen Iewen verbrannt goufen, war dat tatsächlech nach en Ëmweltproblem, mä haut mat homogenen an dreschenen Pellets, an modernen Apparater, ass d’Verbrennung kontrolléiert an net verschmotzend! Am Géigendeel. Pellets anstatt fossil Brennstoffer ze verbrennen, vermeit d’Emissioun vun Treibhausgaser an d’Atmosphär.

    PS: Passt beim Choix vun Äre Pellets op -> Lokal an aus nohalteg ugebautem Holz!

    Granulatchauffage stoussen ongeféier just hallef esou vill Feinstëbs aus wéi eng normal Chaudière. Se stoussen souguer bis zu 20 mol manner Stëbs aus wéi een alen Uewen an bis zu 400 manner wei een oppene Kamäin!

    FAQ_emissions_particules

  • Wéi weess ech wéi eng Pellets ech kafen soll?

    D’Equipe vu BADGER-Pellets ass sech bewosst dat et fir de Consommateur ëmmer méi schwier gëtt sech um Marche zerecht ze fannen. Et gëtt mëttlerweil sou vill Marquen; importéierter oder lokaler, déi een am Supermarché, jo souguer op Tankstellen ze kafen kritt… mat groussen Ënnerscheeder am Präis an an der Qualitéit!

    Mir wëllen Iech net nëmmen d’Virdeler vun eise Produiten virstellen, mee vill méi, un Hand vun dësem klengen Dokument hëllefen Äer egen Meenung ze schafen an Iech weisen wéi eng Kritèren wichteg sinn fir de richtege Choix ze treffen…

    Déi wichteg Kritère déi beim Kaaf vun Äre Pellets ze berücksichtege sinn!

  • Op wat muss ech oppassen wann op eng Liwwerung Schüttgut-Pellets waarden an wat ass wichteg beim Stockage?

    E Puer Conseile fir de Stockage vun Ären Schüttgut-Pellets:

    1) De Stockage-Raum muss gutt geleeën an opgeraumt sinn

    • Mir roden eise Cliente dozou d’Distanz vum Soufflage op 15-20m ze limitéieren fir eng onnéideg Ofnotzung vun de Pellets ze evitéieren. Wann dat net méiglech ass, muss de Camion sech héchstens 24m wäit vun der Fëll-Öffnung vum Silo sinn. Alles iwwert dësen 24m riskéiert d’Qualitéit vun de Pellets duerch d’Reiwung um Rouer ze kompromittéieren. Sou ass d’Qualitéit vum Granulat net méi garantéiert!
    • Den Accès bis zum “Point de Livraison” muss grouss genuch fir de Camion sinn, den des Moossen huet:
      • Breet : 3 m,
      • longueur : Längt: 10 bis m,
      • Héicht: 4 m.
    • d’Rouerverbindungen mussen gutt an einfach vum Chauffeuer erreechbar sinn an musse geäert sinn.
    • Wann et em den Eck geet, muss dde Schläuch oder d’Rouer an engem grousse Bou em d’Kéier geluecht ginn.
    • Benotzt homologéiert Material (Kontaktéiert eis fir méi Informatiounen). D’Maueren an de Buedem vum banneschten Deel vum Silo mussen dreschen sinn.
    • Evitéiert elektrescht Material un de Silo ze montéieren (Lut, Prise,…).
    • De Silo muss eng Mindestcapacitéit vun 3t hunn (soit 5 m3, soit 7m3 Brutto).

    2) Äre Silo muss eng Revisionsöffnung

    Dës Öffnung muss breet an héich genuch sinn fir liicht eranzeklammen (fir de Silo ze botzen,…). Seng Poisitioun helleft och dobäi e volle Silo ze kontrolléieren.

    3) Äre Silo muss Loftdicht sinn an mindestens zwou Öffnungen hunn (soufflage an ofsuagung)

    • Zwou Öffnungen, Storz oder Guillemin (Pompjeen) an DN 100 musse virgesin sinn mat engem mindestofstand vun 50 cm – en fir de Silo ze fellen an een fir en eidel ze man.
    • Fir ze eviteieren dat beim Remplissage zevill Stëbs entkennt, kann een beim fëllen d’Dier waasserdicht zou maachen an virdrun secher stellen dat alles dicht ass.
    • D’Rouerverbindungen mussen gutt an einfach vum Chauffeur erreechbar sinn an musse geäert sinn. Wann et ëm den Eck geet, muss de Schlauch oder d’Rouer an engem grousse Bou em d’Kéier geluecht ginn.

    4) Äre Silo muss een Impakt-Schutztapis hunn

    De Silo muss mat engem Tapis ausgerüst sinn (een pro Öffnung) an direkt vis-a-vis vun der Öffnung montéiert ginn (20 cm vun der Réckwand). Desen Tapis fängt d’Granulat beim Soufflage op an schützt se dobäi virum Opprall.

    5) Äre Silo muss inclinéiert a glatt Bannewänn hunn

    • d’Bannewänn vun Ärem Silo mussen een Wénkel vun opmannst 40° hunn. E Wénkel vun 35° geet duer am Fall wou d’Bannewänn vum Silo aus engem extrem glaaten Material sinn an d’Granulat sou ouni Problem oflafen kann.
    • Bevirdeeld léiwer ee laange wéi e breede Silo fir eng optimal ausnotzung vum Volume.
    • Inclinéiert Bannewänn an V-Form oder als Cône mat Diamandspëtzt, je no type vu Granulatreprise. Als zousätzlech Informatioun, existéieren och Siloen aus SStoff déi an V-Form gespaant ginn.

    Stellt secher dat Äre Silo 1x am Joer eidel gemach gëtt!

  • Brauch en Pellets-Uewen e gewëssen Entretien? Wéi oft muss ech den maache an wat genau muss ech maachen?

    Genau esou wichteg wéi säin Uewen richteg ze installéieren, ass et extrem wichteg säin Chauffage regelméisseg ze kontrolléieren fir esou de gudde Fonctionnement op laang Dauer ze garantéieren

    • Et gëtt geroden déi folgend Kontrollen an Nettoyage 1 bis 4 mol d’Woch duerchzeféieren:
      • Bei kalem Uewen, d’Äschen aus dem Bac saugen.
      • De Creuset kontrolléieren an eventuell propper maachen, an sécher stellen dat all d’Lächer fräi sinn.
      • De Porte-Creuset, den Lofttube an den Zünder vun Äschenoflagerunge propper maachen.
      • de Brennräum an d’Fënstere mat engem Produit propper man den net scheiert.
    • Wann de Brennvirgang net propper verleft a wann der eng erhéichten verschmotzung entdeckt, ass et och Zäit fir en Nettoyage.
    • Es Conseile sinn generell gehalen an just als Rotschléi geduecht. Liest w.e.g. d’Gebrauchsuweisung vun Ärem Chauffage genau duerch an haalt Iech un d’Donnéen vum Hiersteller.
    • Sicht och op Youtube no “Entretien journalier poêle pellets” (oder op Däitsch, Englesch,…) an dir fannt bestëmmt nëtzlech Tipps an Tricks fir den Dagdeeglechen Entretien vun Ärem Chauffage. Vill Uewenhiersteller hunn der gepost.
    • Op mannst e mol am Joer ee Profi komme loossen: Hien muss, jee no Uewen op mannst déi folgend Operatioune duerchféieren:
      • De Stëbs um Strahl vum Tube vum Echangeur propper maachen.
      • Gelenker an Schrauwen uelegen.
      • De Kamäin regelméisseg botzen.
      • En allgemenge Nettoyage vun den Haaptdeeler tëscht den zwou Dieren vum Uewen.
      • Déi demontéiert Deeler rëm virsiichteg fest maachen.
  • Wat maache mat de Badger-Säck wann se eidel sinn?

    Mir kréien vill Temoignagë vun eise Clienten, déi BADGER Pellets® kaf hunn an hier eidel Säck recyclen.

    Verschidde Leit fëllen se zum Beispill mat Pabeier an Kartong fir an de Pabeiersback!

    BADGER Pellets® leet alles dorunner e Produit ze verkafen den mat de Prinzipie vum Développement durabel en Accord geet (e komplett integréierte Produktionscircuit, den Asaz vu grénger Energie, verzicht op Plastikstuten, CO2 reduzéierend Pellets, PEFC Zertifikater,…). Ënnerstëtzt eis dobäi de positiven Impakt op d’Ëmwelt vun eisem Produit weider ze verbreeden!

    FAQ_sacs

  • Riskéiere mir an den nächste Joer keng Pellets méi ze hunn?

    D’Produktionskapacitéiten an der Belge leien haut bei ongeféier 650.000 Tonnen fir eng Consommatioun vun ongeféier 250.000 Tonnen. De Marché waart u sech just op eppes: Sech och duerch Ären Chauffage ze entwéckelen, duerch den vun eise Gemengen an Veräiner, fir d’Ofhängegkeet vun den importéierten an verschmotzte fossille Brennstoffer ze minimiséieren!

    Bei BADGER Pellets hu mir an e grousse Stock investéiert, sou dat mir dat ganzt Joer iwwer liwwere kënnen, souwuel am Summer wéi och am Wanter, an dat souguer wann d’Demande um Marché méi intensiv gëtt.

  • Riskéiert de Präis vun Pellets an de nächste Joer staark ze steigen?

    De Präis vum Granulat ass ouni Zweiwel immens Kompetitiv!

    Säit 2009 sinn d’Präiser vum Mazout a vum Gas staark ugezunn. D’Stroumpräiser sinn bis elo nach net sou staark ugezunn – Präiserhéijungen stinn awer befier. Holzgranulat ass déi Energiesource déi bis elo déi klengsten Hausse hannert sech huet.

    Wéi kann een d’Präisentwécklung vum Holzgranulat erklären?

    • D’Verbesserung vun der Qualitéit vum Produit (Zertifikater ENplus, DINplus, …)
    • D’Verbesserung vun der Liwwerqualitéit an der Disponibilitéit: e Camion mat Gewiichtskontroll, Stëbsofsauger, Service de Proximité an Disponibilitéit vu Stock.
    • D’Präiserhéijung vun der Matière Première déi méi wéi 50% vun de Produktiounskäschten vum Granulat ausmécht. De Präis vum Holz, wéi och den vun allen anere Matière Premieren augmentéiert, an offréiert eng besser Valoriséierung an e méi breeden Accès op d’Ressource.

    Den Holzgranulat-Chauffage ass ouni Zweiwel kompetitiv, mä stellt en plus eng ëmweltfrëndlech Léisung fir Problemer mat der Loftqualitéit an der energetescher Ofhängegkeet, duer. Et dierf een net vergiessen dat den Holzgranulat eng lokal Energieressource ass, déi Aarbechtsplazen an eng Croissance Economique schaaft.

    Ofgesinn vun den wirtschaftlechen Argumenter, erfëllt den Holzgranulat-Chauffage d’Erwardungen vun de Consommateuren wat Leeschtung, Komfort an Sécherheet ugeet.

  • Wéi setze sech CO2-Emissioune vun de Pellets par Rapport zu Fossille Brennstoffer zesummen?

    Hei e Schema (Source: ADEME) den CO2-Emissiounen vun de Pellets par Rapport zu Fossille Brennstoffer illustréiert.

    FAQ_emissionsco2

    D’Energie (a Form vun Hëtzt an Stroum) déi mir fir d’Produktioun vun BADGER-Pellets asetzen, setzt sech aus selwer produzéierter, grénger Energie zesummen, déi mir aus eisem Heizkraftwierk an eisem “Kraaft-Wiermt-Keelt-Kopplungswierk bezéien (an ginn mat verbrauchtem Holz alimentéiert).

    D’Integratioun vun eisen Aktivitéiten (integréiert Bio-Siten) an den Asaz vun lokalem Holz, erlaben eis d’Transportweeër staark ze verkierzen an sou Treibhausgaser op een minimum ze reduzéieren.

    Eisen CO2-Bilan gëtt vun der spezialiséierter Entreprise CO2LOGIC gerechent. Dës Etude (iwwert de Link ënnendrënner opruffbar) sträicht exemplaresch Resultater vun eisen CO2 Emissiounen erfier an dëst souwuel par Rapport zu Fossille Brennstoffer wéi och par Rapport zu de Pellets vun der Konkurrenz. Duerch eise Modell vun enger circulärer Economie, sinn mir déi eenzeg Pellets déi mat enger negativer CO2-Bilanz

    Rapport_CO2logic_badger

  • Wat ass den idealen Packaging?

    Den idealen Packaging hänkt vun Ärer Consommatioun, Ärer Ariichtung, vun Äre Gewunnechten an Besoine of. BADGER-Pellets proposéiert vill verschidden innovativ Packaging-Choixen (Schüttgut, Sak, BADGER BAG, BADGER BOX, …) déi Dir am Tab “Produit” fannt.

     

     

  • Wéi eng Garantië hunn ech vun de Zertifikater DINplus an ENplus?

    Fir méi iwwert d’Zertifikater, invitéiere mir Iech dat nofollgend, gutt ausgeféiert Dokument duerch ze goen.

    Fiche Pratique Propellet 4 Verlaangt zertifizéiert Holzgranulater

    Fiche Propellet Pro 1 Granulat-Zertifikatioun

     

  • Wat muss ech berücksichtegen fir mäin Pellets-Uewen richteg anzeriichten?

    Fir méi iwwert d’Ariichtung vun Ärer Chaudière ze wëssen, invitéiere mir Iech dat nofollgend, gutt ausgeféiert Dokument duerch ze goen.

    Fiche Pratique Propellet – En Uewen oder en Holzgranulat-Einschub ariichten

  • Wat muss ech man fir den Entretien vu menger Pellets-Chaudière maachen?

    Fir méi iwwert den Entretien vun Ärer Chaudière ze wëssen, invitéiere mir Iech d’Dokument dat nofollgend, gutt ausgeféiert Dokument duerch ze goen.

    Fiche Pratique Propellet 5 Eng Holzgranulat-Chaudière ënnerhalen