icons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All-27icons_All_croppednoun_10551_ccicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicon/closeicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_cropped

Nous utilisons des cookies afin de vous fournir la meilleur expérience en ligne possible. En utilisant notre site, vous acceptez l'utilisation des cookies en accord avec notre politique d'utilisation des cookies. Pour plus d'informations, vérifiez notrePolitique de confidentialité

Badger Pellets®

D'BADGER-Pellets® ginn op de komplett integréierte Bio-Siten zu Latour an Thimister an der Belg an zu Biissen (KIOWATT - www.kiowatt.lu) zu Lëtzebuerg produzéiert.

Iwwert eis

Eisen Engagement

Zertifizéiert Qualitéit!

Mir engagéieren eis fir Holzgranulat-Brennstoff (BADGER-Pellets®) ze produzéieren, déi 100% natierlech an vun héijer, konstant certifiéierter Qualitéit sinn, an dat alles mat Ëmweltschounender Technik.

Dës Qualitéit gëtt vun eisen DINplus an ENplus A1 Zertifikater garantéiert. Mir kontrolléieren d’Qualitéit intern iwwert eis Laboratoiren nach während der Produktioun an iwwert extern Auditen (Agrééiert Laboratoiren,…)

Méi gewuer ginn

Lokal Produktioun

Eis 3 komplett integréiert Bio-Siten, befannen sech an der Wallonie an der Belge (Recybois zu Latour an Woodenergy zu Thimister) wéi och zu Lëtzebuerg (Kiowatt zu Biissen).

Mir hunn eis virgeholl eis heemesch Holzressourcen lokal an voll integréiert ze valoriséieren! An dësem Kader hunn mir de label BOIS LOCAL ausgeschafft, den Iech garantéiert dat eisen Holz Approvisionnement an lokale Bëscher vu statte geet!

Méi gewuer ginn

Eng Durabel Bësch-Gestioun an de Respekt vun der Holzkaskade!

Eis Pellets ginn aus Holz, direkt aus lokale Bëscher, déi durabel geréiert ginn, produzéiert. Mir sinn PEFC-zertifizéiert.

Fir d’Holz dat mir benotzen ënnerleien dem Prinzip vun der Duerchforstung fir eng natierlech Gestioun vun de Bëscher un.

Dat gutt Holz, soubal et Seebar ass, Initialiséiert eis Bio-Découpe Unitéit an gëtt zu Brieder, Gespär an Palette verschafft.

Et sinn déi Nieweproduite vum Seeën, déi Fréier als Offall consideréiert goufen, déi haut als Energie fir Äre Chauffage, vun eise Gemengen, Veräiner an der Industrie, revaloriséiert ginn. Dësen erneierbaren an lokalen Brennstoff ersetzt also déi importéiert fossil Brennstoffer wéi Mazout an Gas.

Méi gewuer ginn
Certification Badger Pellets Co2

Propper Energie an en eemolegen C02 Bilan

D’Energie (a Form vun Hëtzt an Stroum) déi mir fir d’Produktioun vun BADGER-Pellets® asetzen, setzt sech aus selwer produzéierter, grénger Energie zesummen, déi mir aus eisem Heizkraftwierk an eisem “Kraaft-Wiermt-Keelt-Kopplungswierk bezéien (an ginn mat verbrauchtem Holz Initialiséiert).

D’Integratioun vun eisen Aktivitéiten (integréiert Bio-Siten) an den Asaz vun lokalem Holz, erlaben eis d’Transportweeër staark ze verkierzen an sou Treibhausgaser op een minimum ze reduzéieren.

Eisen CO²-Bilan gëtt vun der spezialiséierter Entreprise CO²LOGIC gerechent. (d’Étude ukucken). Dës Etude sträicht exemplaresch Resultater vun eisen CO² Emissiounen erfier an dëst souwuel par Rapport zu Fossille Brennstoffer wéi och par Rapport zu de Pellets vun der Konkurrenz. Duerch eise Modell vun enger circulärer Economie, eis Pellets hunn en negativen CO²-Bilanz!

Méi gewuer ginn

En Top Liwwerungsservice direkt virun d'Dir, am Sak oder als Schüttgut!

En extrem efficacen BADGER-Pellets® Distributeursreseau, fir Iech eise Brennstoff zu de beschten Conditioune ze liwweren (Qualitéit bis bei den Consommateur), am Sak oder als Schüttgut, Summer a Wanter.

Den BADGER-Partner-Distributeursreseau verfügt dofir iwwert eng eenzegaarteg Camion-Flotte, déi speziell un de Soufflage vu BADGER-Pellets® adaptéiert sinn (Niddreg-Drock-Soufflage), an iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System disposéieren. Klickt hei fir méi iwwert eisen Schüttgut-Liwwerungsservice gewuer ze ginn.

D’Pellet-Demande verleeft saisonal an erreecht kuerz virum Wanter den héchsten Stand vum Joer. Dofir huet BADGER-Pellets® mat enormen Stockage-Installatiounen (méi wéi 30.000t) virgesuergt. Och wann d’Demande nach esou héich ass, bei eis gëtt et keng Rupture de Stock. Well Dir de Brennstoff dann braucht, wann et kal ass!

Wat eis Säck ugeet, hu mir eis beim Choix un eis Philosophie gehalen. Mir benotzen just héich qualitativ, recycled an recycléierbar Pabeiersäck. Bei BADGER-Pellets® sammelt dir keen Plastik doheem un, dir kënnt se einfach an de Pabeierkuerf geheien!

Eis Produktiounssite

...eenzegaarteg an Europa, sinn et veritable Exzellenz-Zentren vun enger Circulaire Economie!

Eis 3 komplett integréiert Bio-Siten, befannen sech an der Wallonie an der Belge (zu Latour an zu Thimister) wéi och zu Lëtzebuerg (Kiowatt zu Biissen).

Et sinn veritable Exzellenz-Zentren vun enger Circulaire Economie! Bei BADGER-Pellets® geet einfach näischt verluer. D’Holz gëtt an all senge Formen agesat, mam Zil him bei all Etappe een Maximum un Valeur ze ginn.

Latour

Thimister

Roost

Eis offiziell Distributeuren

En extrem efficacen BADGER-Pellets® Distributeursreseau, fir Iech eise Brennstoff zu de beschten Conditioune ze liwweren (Qualitéit bis bei den Consommateur), am Sak oder als Schüttgut, Summer a Wanter.

Den BADGER-Partner-Distributeursreseau verfügt dofir iwwert eng eenzegaarteg Camion-Flotte, déi speziell un de Soufflage vu BADGER-Pellets® adaptéiert sinn (Niddreg-Drock-Soufflage), an iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System disposéieren.

  • Belge
    • schüttgut

      Full Services

      Avenue Deli XL 8, 6530 Thuin, Belgium
      +32 71 59 72 62
      Websäit
    • schüttgut sak

      Michel Petit

      Rue Marcel Niessen 108 6750 Musson, Belgique
      +32 63 67 77 47
      Websäit
    • schüttgut sak

      Goffin Energies

      Avenue Jean Gouders 118 4845 Jalhay, Belgique
      +32 87 77 15 22
      Websäit
  • Lëtzebuerg
    • schüttgut sak

      Husting Reiser

      13 Rue d'Ell, 8509 Redange, Luxembourg
      +352 23 62 10 75
      Websäit
  • Holland
    • schüttgut

      Rijnen Brandstoffen

      Herastraat 55, 5047 Tilburg, Pays-Bas
      +31 13 542 22 84
      Websäit
  • Frankräich (limitéiert Zonen)
Mascot

Fir aner Beräicher oder lokal Dépôten, kuckt w.e.g. “wou mir eis fannen” a befollegt d’Sichprozedur.

Historique

De Groupe François
ass haut
240
arbescht

2,5 Milliounen Euro-Paletten/Joer

150,000  Tonnen/Joer DIN plus an EN plus A1

75 GWh gréng Energie/Joer

  1. 1980

    1980 : Grënnung vun der Paleterrie François vum Pierre et Bernard François. Produktiounskapazitéit: 1000 Palette/Dag. Kuerz duerno koum de Bau vun enger Seeërei zu Rodange (Lëtzebuerg).

  2. 1997

    Wichteg Investitiounen fir D’Produktionskapacitéiten op hiren aktuellen Niveau vun 12.000 Pellets pro Schicht ze bréngen. D’Paletteries François ginn zum gréissten Holz-Emballage-Produzenten an der Belge. Kuerz drop, gouf d’Societéit GENPACK gegrënnt fir Mandrins-Kartron ze produzéieren.

    Energeteschen Valoriséierungsprogramm vun Produktiounsiwwerreschter duerch eng 2MW-Chaudière. Zil: d’Gebai wiermen an Séchage-Zellen vun den Euro-Paletten alimentéieren.

  3. 2004

    D’Palleterie ënnerhëlt zesummen mat “Intercommunalité” IDELUX d’Étude:

    • Vun enger Cogénératioun mat Holzoffäll aus 55 verschiddenen Plazen aus der Province de Luxembourg
    • Eng nei Seeërei mat enger Kapazitéit vun 100m3 Stammholz/Stonn
    • Eng Granulat-Produktiounsunitéit vun Offallholz mat 45.000t/Joer. Dës Pellets, am Sak oder als Schüttgut, kréien de Predikat BADGER-Pellets!

    Dës komplett integréiert Recycling an Valoriséierungsaktivitéit vun der Ressource Holz goufen an der Sociétéit RECYBOIS regruppéiert vun där de Grupp en Undeel vun 55% hält.

  4. 2006

    De Groupe François këmmert sech ëm d’Collecte, d’Logistik, de Recycling an de Packaging an Europa. Hien ass am Besetz vun engem Gebai vun 13.000m2 WOODLOG).

  5. 2009

    Mat der lokaler Philosophie virun Aen an fir Clienten an der Regioun mat Pellets ze versuergen huet de Groupe Francois eng 2. Unitéit kaf fir sou zu Thimister-Clermont 50.000tBADGER-Pellets méi am Joer ze produzéieren. Dës Sociétéit heescht haut WOODENERGY.

  6. 2012

    Fir d’Performance vu sengen Outille nach besser ze notzen an säin Know-How nach besser anzesetzen, huet de Groupe Francois, zesummen mat sengem lëtzebuergeschem Partner LUXENERGIE, eng 3. Sociétéit mam NummKIOWATT. zu Lëtzebuerg gegrënnt. Dës 3. Unitéit produzéiert och nach eng Kéier 50.000t BADGER-Pellets/Joer an g´reng Energie.

    Mat sengen komplett integréierten Bio-Siten, ass d’Productioun vun BADGER-Pellets gescheit positionéiert an ageriicht fir dem Client dat ganzt Joer iwwer een Qualitéitsproduit ze liwweren!

  7. 2016

    De Groupe François, ass haut:

    240 Aarbechtsplazen

    2,5 Milliounen Paletten/Joer

    150.000t DINplus an ENplus A1 certifiéiert Pellets vun der Marque BADGER-Pellets an als Schüttgut oder am Sak geliwwert

    75 GWh grénge Stroum/Joer produzéiert