icons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All-27icons_All_croppednoun_10551_ccicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicon/closeicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_cropped

Nous utilisons des cookies afin de vous fournir la meilleur expérience en ligne possible. En utilisant notre site, vous acceptez l'utilisation des cookies en accord avec notre politique d'utilisation des cookies. Pour plus d'informations, vérifiez notrePolitique de confidentialité

Als Schüttgut

Soufflage Doheem vun eise BADGER-Pellets®-Camionen aus eisem Distributeurs-Reseau!

Als Schüttgut/Break/Soufflage mat spezielle Camione direkt bei Iech Heem!

  • BADGER Pellets® am Schüttgut

    Eisen BADGER-Partner-Distributeurs Reseau verfügt iwwert eng eenzegaarteg Camion-Flotte, déi speziell un de Soufflage vu BADGER-Pellets® adaptéiert sinn, an iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System disposéieren.

     

  • Garantéierte Service

    BADGER-Pellets® ginn ganz komfortabel bei Iech Heem geliwwert, bei Niddregdrock an Äre Silo (vun Ärer Chaudière,…) gefëllt fir d’Erosioun ze vermeiden an sou d’Qualitéit bäizebehalen.

    Danke dësem Service profitéiert Dir vum selwechten Komfort wéi wann dir Mazout benotzt, mä mat engem genstegen, lokalen, ökologeschen Brennstoff den net sténkt.

    PS: Charakteristiken vun eise Camionen aus dem Distributeursreseau vun de BADGER-Partner:

    • De Camion den speziell fir d’Liwwerung vu BADGER-Pellets® virgesin ass an just BADGER-Pellets® transportéiert
    • De Camion disposéiert iwwert en eegenen, vun der Metrologie agrééierten Wei-System.
      Zéckt net selwer den Metrologie-Timber ze kontrolléieren!
    • Den Drock vum Soufflage ass regléiert (ideal ass e Maximum vun 0,3KG) fir d’Pellets net ze endommagéieren
    • D’Soufflage-Réier mussen vu gudder Qualitéit sinn (10 cm am Diameter an glat vu bannen). En plus mussen se mat engem Kofferkabel ausgestatt sinn fir déi statesch Stroumopluedung beim Soufflage ze Äerden. (d’Reiwung vun de Pellets um Plastik vum Rouer).
    • De Camion ass natierlech och mat engem Aspirateur ausgestatt fir de Stëbs ofzesaugen an Ënnerdrock an Ärem Silo ze schafen mä och fir dat de ganze Stëbs net an Ärem Haus lant.
    • De Chauffeur ass forméiert an kompetent. Hien ass am Stand de Soufflage un de Silo unzepassen an verfügt iwwert den néidege Material.
    • De Camion transportéiert BADGER-Pellets® vun deenen Dir wësst wou se hier kommen an déi een minimalen Ökologeschen Foussofdrock hannerloossen.
    • Äre Silo verfügt iwwert 2 Fëll-Öffnungen op der kuerzer Säit, een Tapis an en schützt Är Pellets géint Fiichtegkeet.
  • Tarif

    Fir en Devis unzefroen, kontaktéiert Ären Distributeur iwwert de Site “wou kann ech en fannen”

  • Conseile fir d'Installatioun vun Ärem Silo

    De richtege Stockage vum Granulat an engem adequaten Silo ass immens wichteg. Eis BADGER-Pellets Distributeure stinn Iech gäre mat Conseile zur Säit. Zéckt net och eng Kéier op der Conseillesäit vum Mr. BADGER eranzekucken

Eis Distributeure stinn Iech gäre mat Conseile zu Ärem Silo zur Säit. Zéckt net op der Conseillesäit eranzekucken"!