icons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All-27icons_All_croppednoun_10551_ccicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_croppedicon/closeicons_All_croppedicons_All_croppedicons_All_cropped

Nous utilisons des cookies afin de vous fournir la meilleur expérience en ligne possible. En utilisant notre site, vous acceptez l'utilisation des cookies en accord avec notre politique d'utilisation des cookies. Pour plus d'informations, vérifiez notrePolitique de confidentialité

D'Qualitéit vun eise Produite

D'BADGER-Pellets respektéieren déi striksten Europäesch Qualitéitscritèren an sinn souwuel DINplus an ENplus A1 certifiéiert. Dës Certificaten garantéieren eng ideal Verbrennung an Ärem Chauffage. Kontrolléiert all kéiers wann dir Pellets kaaft, op de Produit certifiéiert ass.

Eng perfekt Maîtrise vun eiser Matière Première an regelméisseg Kontrollen verhëllefen eis zu dëser excellentem Qualitéitsniveau.

BADGER-Pellets hunn en erhéichten kaloresche Wäert (ongeféier 18MJ/KG). Fir eng jäerlech Chauffage- an Waarm-Waasser-Consommatioun vun 20.000 KWh (2000L Mazout), muss en ongeféier 4t BADGER-Pellets zielen (also manner wéi 6 M3).

BADGER-Pellets stamen direkt aus dem Häerz vum Holz an et gëtt keng Schuel mat verschafft, wat den Taux vun der Äscheproduktioun miniméiert (iwwer 0,3%). Fir eng consomméiert Tonn BADGER-Pellets sammelt Dir net méi wéi 3Kg Äschen.

Zum Schluss ginn d'BADGER-Pellets direkt e puer mol entstëbst fir e Maximum u Stëbs ze limitéierten (manner wéi 0,5%) den eventuell während dem Soufflage an Ärem Silo oder am Reservoir vun Ärem Chauffage landen kann. Am verglach mat Mazout, sinn BADGER-Pellets propper, se verbreeden en angenehmen Doft vun Holz an maache keng Flecken.

Zesummegefaasst:

BADGER Pellets®: E Brennstoff vun héijer Qualitéit, DINplus an ENplus A1 certifiéiert, 100% lokal an natierlech! Well eis Pellets aus geschielte Beem hiergestallt ginn, hunn se een immens niddregen Stëbs-Taux an iwwerduerchschnëttlechen kaloresche Wäert. Et ginn keng weider Matière bei der Produktioun agesat, wat d'Blockéierung duerch verhärt Äschen evitéiert an och duerch d'Certifacaten DINplus an ENplus A1 eng optimal Verbrennung garantéiert. Badger-Pellets sinn "CO²-reduzéierend".